Abschied vun engem gudden Kolleg

Schriftstücke

     
 

Mir hun iis virun kurzem vun engem gudden Kolleg missen fir emmer verabschieden. Heen ass eng weit Rees ungetrueden an mir hoffen dad et him an senger neier Hemecht grat esou gut geet wie bei iis.  Vill gud an och mannergut Stonnen hunn mir mat himm verbruecht, hien huet iis nie am Stach geloos. Dofir soen mir himm  nohdréiglesch villmols mercie. Seit 1991 war heen bei eis, mir waren heen enges Owends op Bour sichen, sein domolegen Patron war vun Ieschternach an huet iis nach eng gut an lang Zesummenarbecht mat him gewenscht.Denols war heen am zaarten Alter vun 13 Joer. Wie heen dunn bis bei iis war hunn mir vill Stonnen Leift an Pfleg an heen investéiert, Hien war nählesch an engem zimmlesch schlechten Gesontheetszustant. Demols war isen alen Kommandant, den Jos nach den Haaptmann bei deser  Initiativ, esch soen himm an all denen Leit die dobei bedeelescht waren op deser Platz nach villmols merci. Wie mir isen Kolleg eren Formidabel op den „Been „ haten, wollt isen Patron en guer net richteg akzeptéieren. Bei senger „Adoptioun“ haten mir vielleicht och en Formfehler gemacht. Meh noh vill gudem Zurieden an Asatz ass desn Problem och geleest ginn. Iis Cheffen hunn den Kolleg schliesslesch akzeptiert. Sein Gesondheetszertifikat huet heen dun suguer beim ischten Unlaaf gepackt, nodem seng „Dokteren“  heen vun Ennen , vun Uewen, an vun allen Seiten gekuckt an gemoss an inspizéiert haten. Vun deem Dag un war heen en richtegen Pompjee, heen huet die ganz jahren vill geschafft, mir hunn vill Kilometeren mat him gemacht, heen hat die ganzen Zeit eng grues Last ze schleefen. Heen war eng wichteg Persoun, bei all Übung, all Asatz an op villen Sortien war heen derbei, an mir hunn heen och gebraucht, onie heen wär iis Ekip vielleicht net dat wat se haut ass. Sein Virgänger war einfach net meih zeitgemäß. Hien guef zwar dobaußen platzenweis en beschen belächelt, meh dat war iis egal, mir waren stolz op heen. Ganz bestemmt ass heen och bei villen vun Eech en Begreff, heen war an ass einfach enzecharteg. Mir hunn heen einfach „Herbi“ genannt. Dobaussen war heen och bei den Kollegen als Bäckechauto  oder Melleschwon bekannt. D’Scheedges Pompjeen wellen op deser Platz hiren alen TSF eddie soen