Porte Ouverte vun den Jugendpompjeën aus Bertreff, Konsdreff, an Scheedgen (1997)

Schriftstücke

     
 

Am Kader vum 25 -jähregen Bestoen vun den Jugendpompjeën aus dem Kanton Iechternach hun sëch den 14. September d'Pompjescorpsen aus den 3 Dierfer zesummen gedoën fir eng gemeinsam Porte Ouverte vun de Jugendpompjeën ze organisieren.

Stattfont huet dat ganzt zu Bertreff bei der Schwemm. Hirt Kënnen ënnert Beweis gestallt hunn déi Jonk an engem groussen Programm; Übungen mat dem TLF vun Bertreff, eischthellëfübungen, an als besonnesch Attraktion stung nach eng Übung mat enger antiker Spretz um Programm. An enger Fotosausstellung waren ennert anerem och Biller vun verschiddenen Zeltlager ze gesin.

Desweideren waren zu deser Geleegenheet sämtlesch Gefiihrer aus denen 2 Gemengen ze sin. TLF-en vun Bertreff an vun Konsdreff, TSF-en vun Bertreff, Konsdreff an Scheedgen an net zulescht d' DL 30 vun Konsdreff.

Als Ofschloss vun dem Ganzen huet um 16.00 Auer nach eng Disco fir die Jonk, an jong gebliwen op enger nët alldeeglescher Platz stattfont: "Matzen am Schwammbaseng"!

Alles an Allem huet die Innitiativ vun denen 3 Corpsen en gudden Uklang fond, an kann sëcher nach an ähnlescher Form widderholl gin, net nemmen op deser Platz!... Avis aux amateurs!!!

Neu Jang