Eng nei Ekipp

Schriftstücke

     
 

No munchem Hin an Hier an no der Demissioun vun isem Kantonalsekretär, den och fir d’Redaktioun vum Neien Asaaz veranwortlesch war , hun mir elo eng deelweis nei, jonk, dynamesch an och gréisser Ékip, die elo fir eis kantonal Pompjeeszeitung verantwortlësch ass. Mir hun eis och en bësschen en aneren Look fir d’Zeitung afalen geloos.

Fir d‘icht wëll ech awer eis Ekipp emol virstellen. Do ass d’Steffen Sonja, Jugendleiter adjoint zu Bertrëff, d’Benders Mireille, dadselwecht och vun Bertrëff. Och nei derbei ass den  Zansdra Collin aus dem Mëllerdall. Eng Hand mat unpaken doen och den Steffen John vun Berdrëff an den Engel Lambert vun Rippeg. Vun denen Aalen as weider derbei, den Lanners John vun Chrestnech, Kantonalkeesier an Kommandant vun den Pompjeen aus der Gemeng Waldbëlleg, eisen Kantonalinspekter, den Bartz Jang vun Oesweller. Ech, fir mein Deel wert mein Best machen fir iech eng interessant an informatif Lektür ze offeréieren, ze kucken dat den Neien Asaaz an Zukunft ëmmer penktlësch erauskennt, an nët zulesch den Haaptuspiechpartner ze sin an allem wat den Neien Asaaz ugeet.  Desweideren dit den bestehenden Redaktiounscomitee sëch freën wann heen nach 1 oder 2 Leit Verstärkung kéint kréien. Des Leit sollte geren schreiwen, zuverlässeg sin, an wann méiglech en PC hunn.

Mir hun iis munsches firgeholl, mir hätten gären méih Artikelen an eiser Zeitung, dofir brauche mir awer och är Mathëllef. Gët is Artikeln, wann méiglesch mat Fotoen eran, oder wann Dir nët esou gären schreiwt, invitéiert einfach een aus dem Redaktiounscomité bei eech. Mir kucken dat en Artikel vun ärem Korps an den Neien Asaaz kennt. Fir eng interessant Zeitung kennen ze machen brauchen mir onbedengt är Mathellef. An .... macht en bëschen Reklamm fir den Neien Asaatz! Wann méih Leit en abonnéiert hunn, wat mir en kënnen méih interessant machen! Jiddereen kann en abonnieren, et brauch een nemmen 300.- Frang fir en Jahresabonnement (4 Zeitungen) op eisen Kont ze iwerweisen, mam Vermirk: Abo Neien Asaaz!

En Merci well ech awer och op deser Platz eisen Inserenten soen, well oni sie wär des Zeitung iwerhaapt nët méiglech, en Merci och unis Abonnenten, die eis d’Trei gehalen hunn, an ëch hoffen dat nach een oder den aneren Abonnent derbei kennt.


Neu Jean