Jugendpompjee Berdorf-Echternach um Zeltlager zu Körperich (D).

Schriftstücke

     
 

Vum 31 July bis den 07 August 99 ware mir op Zeltlager bei ies Deitsch Kollegen op „Körperich“.

Wéi mir ukomm sen konnten mir direkt an ies Zelter goen well ies Jugendeiter hatten d‘Zelter schon den Dag virdrun opgeriicht.

Mir haten 3 Zelter, 1 vir Médescher, 1 vir Jongen, 1 Zelt vir ies Musik. Well iesen Kantonaljugendleiter huet ganz Woch Radio gemach, dat war schein wäll al Dag konnt eng aner „Group“ Musik machen.

Mir hun nëtt nemmen Musik gemach, mir waren och bei der Lagerolympiat derbei, beim Wanderrally, beim Nuetsrally, a.s.w.

Natierlich hatten mir och vill Freizeit, an deser Freizeit se mir an die schein Schwemm vun „Köperich“ gangen, wëll ett war sou warm dei ganz Woch dat mir bal geschmoltz sen.

Owes vun 21:00 Auer un setzen mir all virum Musikzelt an hun Witzen,a Spiichten azieltt vu Fréier an haut, do se Saachen op Tapéid komm, wann mir lo nach drun denken mussen mir ies nach rullen vun lachen.

Et war eng Woch déi mir nie vergiessen, duerfir soen mir iesen Jugendleiterinnen a Jugendleiter, dem Sonja ‚ dem Mim ‚ dem Christian, dem Martin, dem Steve an dem John villmols „Merci“ vir déi schein Woch déi mir haten zu „Köperich.

Jugendpompjeë vun Bäertrëff a vun Echternach