Happy Birthday, Jugendpompjeen Bäertrëff.

Schriftstücke

     
 

Am Joer 1989 hât den John Steffen d’Idee fiir bei ons am Duerf eng Equipe vun jonken Pompjeen ze grënnen. Hien huet am Duerf „Reklamm“ gemâch, an ët huet nët lâng gedauert, bis dëi eischt Kanner sech an d’Jugendpompjeen Bäertrëff gemällt hun.

Am Joer 1990 ass dun deen eischten Jugendpompjee zu Bäertrëff ungemällt gin. Am selwechten Joer hâten mir och dât eischt Zeltlager vun der Jugend aus dem Kanton Ieschternach hei zu Bäertrëff. Dât eischt Joer hâten mir just 3 Jugendpompjeen. Ennert der Leedung vum Jugendleiter Steffen John an dem dëizeitegen Jugendleiter-Adj. Pierre Kimmes sinn nô an nô ëmmer mëi Kanner an ons Jugend komm.

Am Joer 1992 hâten mir schon 11 Jugendpompjeen. Dorënner waren och 3 Meedercher. Am Laaf vun den Joeren hun mir ët op eng Zuel vun 24 Jugendpompjeen bruecht. Do ass ët schons nët mëi duur gângen mat engem Jugendleiter-adj. Et guefen dun nach den Steve Steffen, d’Mireille Penders an d‘ Sonja Steffen als Jugendleiter-Adj. gemellt.

Am Joer 1994 sin dëi zwee eischt Jugendpompjeen an dëi actif Pompjeen gewiësselt. Am Moment hun mir 12 Steck dëi aus der Jugend an dëi Aktiv gangen sin.

Bei ons an der Jugend resp. an denen Aktiven hunn mir 2 Leit mam bronzenen Ofzeechen. 14 Leit mam sëlweren Ôfzeechen an 1 mam gëllenen Ôfzeechen. Desweideren hun mir 4 Leit dëi die daitsch Leestungsspang gemâcht hun.

Wann een bedengt wât dât fir eng Aarbescht ass fiir eng Jugendequipe sou weit ropzëkrëien, dann wier ët môl un der Zait fiir dem John, dem Pierre, dem Steve, dem Mireille an dem Sonja villmôls Merci zë soën. Och den Gemengenvertriëder een groussen Merci fir die Ennerstëtzung dëi sie ons an all deenen Joeren gin hun.

Nach een ganz groussen Merci un den Viirstand vun den Pompjeen Bäertrëff, wäll sie sou leif un den Geburtsdâg vun den Jugendpompjeen geduecht hun.

Och en groussen Merci un all Jugendpompjee, deen an onser Jugend war oder nach ass. Hei ass eng Lëscht matt allen Kanner dëi bei ons an der Jugend mattschaffen oder mattgeschafft hun:

Afonso Nilson, Bank- Mikkelson Frédéric, Bingen Chantal, Bessa Suzanna, Beesen Jenny, Borges Sandra, Clemens Gilles, Collignon Christian, Collignon Jerry, Collignon Marc, Diederich Nancy, Diederich Steve, Guill Benri, Hansen Guy, Hansen Martin, Hubert Cindy, Kersch Jeff, Millen Claudine, Millen Michel, Menager Anais, Ostrowki Daniel, Ostrowski Steve, Pesch Lis, Poos Michel, Pott Christian, Reuter Romy, Reuter Frank, Ribero de Carvahio Bruno, Rodrigues Carina, Schaeck Jenny, Schertz Tom, Schlimm Steffi, Schuller Romain, Siebenaler Frank, Siebenaler Nathalie, Steffen Sonja, Steffen Steve, Steglinska Aneta, Vrehen Ben, Wacker Christian, Wagner Fabienne, Wagner Hélène, Wagner Jean-Marie, Weidert Jacques, Weidert Jean-Paul, Weis Alex.

HAPPY BIRTHDAY, JUGENDPOMPJEEN

BÄERTRËFF, MÂCHT WEIDER SOU

So.St