Summercamp 2000 zou Renesse (2000)

Schriftstücke

     
 

Am September 1999 hun Jugendpompjeen vun der Gemeng Shouwen-Duiveland eis op een Jugendcamp fïr dest Joer invitéiert.

Schouwen-Duiveland ass eng Insel vun Zeeland an Holland.

Mir hun zougesôt, an sin den 26ten August mat 46 Jugendlicher, 29 Jongen an 17 Meedercher zou Eechternach beim Pompjeesbau fortgefuehr. Eis Jugend ass vun 15 Moniteurs an Monitricen begleed gin.

Mir sin mat 2 Bussen vun der Firma Bollig iwer Bitburg, Verviers, Antwerpen am Nômettig zou Renesse ukom. Eis Chauffeuren waren, eisen Kantonalinspekter, den Bartz Jang, an eisen Kantonaljugendleeder den Steffen John.

Mir hun an engem Hôme um Caming am Vakantiepark Schouwen zou Renesse logéiert.

Zemmeren waren zou 4-6-oder zou 10 Persounen. Den Hôme war ganz équipéiert, Kichen, Openthaltsraum, Duschen, an Toiletten.

Nodem dass Zemmeren agedeelt, an jidderen ausgepaakt hât, hun mir eng Besichtigung vun der Emgéigend a vum Strand gemach.

Den Strand huet der Jugend gudd gefall, sou dass et schwéier  war net all Dâg op den Strand ze goen.Hei konnten si sech austoben, am Wâsser wéi um Strand. Et gouwen Buergen gebaut, Quallen gefangen an begrouwen, Boule gespillt, Moniteuren agebuddelt usw, je si haten hier Beschäftigung.

Méi, mir haten jo och eisen Programm wou mir hinnen och âner Aktivitéiten ugebueden hun.

Mir waren op Burgh-Hamstede eng original Wandmillen besichtigen, wou e Miller eis erklärt huet, wéi si den Wand notzen fïr d’Millerad ze dréinen. Si konntren eseou gesin wéi den Wees zou Miel gemoul gin ass.
An der Millen war och een Paangechhaus wou si no der Besichtigung een Paangech konnten iessen deen aus dem Miehl gemaach gin ass.

Jugendleeder aus Holland hun an enger âner Aktivitéit eisen Kanner gewisen wéi een aus Bâmstämm an eidelen Fässer een Floss baut, an wéi een mat engem Kanu fiehrt. Si  konnten an engem Bannemier déi verschidden Gefiehrer ausprobéieren.

An Zesummenarbecht mat der Jugend vun Schouwen-Duiveland hun mir een Wanderrallye vïrberet an den Dâg drop se mir en an den Polderen vun der Insel zesumme gângen.

Eng nächsten Aktivitéit war den Delta. Dat sin déi méchanisch Daïchen déi no den groussen Iverschwemmungen vun 1906 an 1916 gebaut si gin, fïr d‘Inselen virun Sturmfluten ze schützen. Si goufen no engem Deltaplan entworf. Wéi si gebaut goufen, konnten d’Kanner an verschiddenen Ausstellungen an Filmer gesin.

Ausserhalb vun den Aktivitéiten um Programm hun d‘Jugendlicher sich an Sport an Gesellschaftsspiller ennerhâlen. D‘ Wieder huet gréisstendeels och matgespillt.

Den Ofschloss vum Camp hun mir mat den hollänischen Kollegen am Kader vun engem Grillôwend verbruecht. Hei hun si eis och hiert Pompjeesmaterial vïrgefouert.

Mir hun hinnen fïr hier Invitatioun an hier Zesummenarbecht Merci gesôt, an hinnen Gaaschtgeschenker iwerrecht.

Eng Woch ass séier eriwer, sou dass mir schon erem mussen apâken. Samsdeg, den 2 September hun mir d’ Heemrees ugetrueden. Em 18.00 Auer waren mir erem gesond a monter doheem.



                                    Lux Bernard
                                Kantonaljugendleeder-adj