Mission accompli an Moldavien (2001)

Schriftstücke

     
 

Am Kader vun eiser humanitärer Missioun an Moldavien hun mir vun Défi asbl fir den 3 November een Convoi mat Liewensmettel zesumme gestallt. Des Liewensmettel dengen den 160 Meedercher an engem Heem zou Hinchesti iwert den Wanter ze kommen. Den Convoi besteet aus 3 Camionen mat 11,5 Tonnen Liewensmettel an een Pompjeescamion en LF 8 deen mir an der Aktioun Pompjeen hellefen Pompjeen der Berufsfeierwiehr zou Chichinau schenken.

Den Pompjeeswon ass vun Défi aus zou Givenich mechanisch an d’Rei gesaat gin, d’Pompjeen an d’Jugendpompjeen aus dem Kanton Eechternach hun finanziell derzou beigedroen dass den Pomjeeswoon feierwiehrtechnisch ausgerüst konnt gin.

D’Camionen sin integral vun der Transportfirma TSG vum Potaschbierg zur Verfügung gestallt gin. Si stellen och 2 Chauffeuren. Een Camion get vum dem Hoffmann Roger als Chauffeur an vun mir als Convoyeur gesteiert. Freides den 3 November si mir um 13.30 Auer zou Givenich fortgefuer.

Den Wee féiert iwer Daïtschland, Éistereich, Ungarn, Rumainien bis an Moldavien.

Bis op d’Rumainisch Grenz haten mir keng Problemer, mee du ass et awer lass gangen. Fir an Rumänien eranzefuehren muss all Camion iwert eng Wô fuehren, dest dengt dozou fir Stroossentaxe ze berechnen. Een vun eisen Camion hat Iwergewicht a mat 1.3 Tonnen net nemmen e beschen. Do misste mir eng Stroof vun 820$ bezuelen. Dat war awer net dat eenzegt Problem, eis Durchreesgenehmigung déi mir vum rumänischen Botschafter vun Letzebourg matkrit hun, huet d’Transportpolizei net unerkannt. Trotz telefonisch Interventioun um Sonndeg seitens dem Botschafter huet naïscht gedengt. Eréicht no 48 Stonnen konnte mir fuehren, nodem dass den Transportministère aus Bukarest eis eng nei Durchgangsgenehmingung an eng extra Genehmigung fïr den Camion mam Iwergewicht ausgestallt huet. Nodem dass mir nach eng Kéier en Opendhalt vun 4 Stonnen  bei der Ausrees haten sin mir schlusssendlich no 6 Deeg Huddel an Moldavien ukomm.

Mee wien gemengt huet do hätte mir keng Problemer méi, hat net mat den Gesetzer vun Moldavien gerechend. Eisen Pompjeeswon  war 17 Joer ze aal. En Gesetz beseet dass all Gefiehr fir d’Utlité publique dat importéiert get, därf maximum 10 Joer aal sin. Et ass elo net dass d’Moldavier dat net wousten, mee si hun dohannen eng Mentalitéit  wou si mol einfach Problemer op sech zou komme loossen, an da reagéieren si erecht.

Nodem dass mir d’Liewensmettel schon alles ôfgelueden haten an schon färdig waren fir nach Donnesdeg Owes ze fuehren, stong den Pompjeescamion nach emmer um Suedel. Eréicht no enger Interventioun seitens dem Schenten Georges beim Justizminister am Nomettig, hun mir den Camion em 18.00  Auer wéi et schon daischter war ôfgelueden. Ech muss dem Hoffmann Roger e grousse Luef ausschwätzen wéi hien den Camion nemmen mat Hellef vum Schein vun enger Täschelucht iwert d’Rampen erofrulle gelooss huet. D’Rampen haten mir vun Givenich aus matgeholl, soss hätte mir den Camion net emol erof krit.

Fir owes fortzefuehren war et ze spéit, esou hu mir den Pompjeeswôn erecht moies just virun eiser Heemrees den Moldavischen Pompjeesautoritéiten no verschiddenen Erklärungen eiserseits iwerreecht.

Em 10.Auer stongen mir schon erem op der Moldavischer Grenz op Heem zou wou mir Sonndes géint Mettig ouni weider Schwierigkeeten ukomm sin.

Ech géing den verschiddenen Pompjeeskollegen, Pompjeescorpsen, an den Jugendpompjeen aus dem Kanton, déi sech finanziel sief dat un der Aktioun Pompjeen hellefen Pompjeen  oder un eisem Projet am Kannerheem bedeligt hun Merci soen.