Porte Ouvert zu Konsdreff (2001)

Schriftstücke

     
 

En Samsdeg, 13. Oktober hun d’Pompjeescorpsen vun Konsdref an Scheedgen op hier Porte Ouverte angelueden. Vun 11:00 Auer un, bei herrlesch sonnegem Hieschtwéider konnten d’Awunner aus der Gemeng an der Emgéigent net nëmmen den gemeinsamen Bau, d’Gefiehrer an d’Material vun denen 2 Corpes inspizéieren, mee och en ganz Reih aner Pompjees- an Rettungsgefiehrer die et secher wert waren ausgestallt ze gin. Als weider Attraktiounen waren och en gousst Sprangschlass an eng Kloterwand do, wou iis Klengst natierlesch nët erof ze kréien waren. Och  „d’Voiture Tournante“, bei der een un eegenem Leif erausfannen konnt wie et ass, an engem Auto mam Kapp no ennen am Gurt ze henken, war die ganzen Zeit ausgebucht.

Den ganze Daag iwer stuengen, wie et sech fir eng „Pompjees Porte Ouverte“ gehéiert, och verschidden Demonstratiounen um Programm: Virféierung vun Feuerlöscher, Bergung vun engem Verletztem bei engem Autosaccident, eng Löschübung vun den Jugendpompjeen a.s.w.

Desweideren guefen och nach verschidden Filmer am Instruktiounssall gewiesen, ennert anerem och den Film den an der Schoul zu Konsdref opgholl ginn ass fir Evakuatiounsübung, die den Daag virun der Porte Ouverte stattfond huet. Natirlesch huet et op denen verschiddenen Iessens- an Gedrenksstänn un Neist fir den Honger an den Duscht gefehlt. Et soll jo eppes an den Moo vun den Leit, an natirlesch och an d’Kees vun den Pompjeen kommen!

Weider Fotoen op:   http://www.pompjeengemengkonsdref.lu

 


    
NJ.