BUURG-BRENNEN ZE BERDORF (2002)

Schriftstücke

     
 

Den 16-02-02 huen mir ungefaang, mettegs eis Buerg ze maachen beim Meyers Nic um Haff.En gruessen MERCI un de Nic . Hien stellt eis alljoer d'Strëi ze Verfügung an och eppes fir daat mir nett kaal gin. Fir d'Kanner äs och emmer Mellech do. Sondegs hun mir eis beim Nic um Haff um 09.30 Auer rem versammelt. an eis Buurg nach gerësst. Dann hun mir eis op de Wee gemaach. Vum Birkelt an d'Hammhafferstrooss bis op de Seitert, vum Café Lenert bis bei den Hotel Perecop hun mir et  moyes gepackt. Dun war et Zeit gin fir den Apero, den mir amm Cafe Strengs zu eis gehol hun. Dono ass et dann an de Bau gegang fir den Ierzenbulli. Wie mir eis all den Bauch voll haaten sin mir den Tour iwwert den Kalkesbaach, Melick an sou de rest vum Duerf maachen gaang.

Dann war et oprichten ungesowt. Wie die Grouss opgericht hun sin de Jugendlicher aus de Pompjee an de Cafe Strengs hir Ommelet iessen gaang. Um 19.30Auer war et dann so weit. D'Buurg äs ungestach gin. An fir daat de Leit et nett kaal kritt huen ,huen mir Sie gratis mat Glühwein, Choky oder enger Drepp versuergt. Dann um 21.30 Auer ass eis Buurg mat e besschen Hellef vun Baussen gefall an mir konnten  bei de Luis och eis Ommelet bis an de späten Owend iessen goen . Dann  wollt ech eisen Nic fir den Drepp an de Mellech an och den Daan Scharff fir de Mellech die mir all Joer gestefft kreien Merci sowen.

Mim.