In Memoriam - Mike Thiel (2002)

Schriftstücke

     
 

Den 13. Juli 2002 ass den Pompjeen aus der Gemeng Konsdref ganz onerwaart en jonken an engageierten Member den Thiel Mike aus hirer Mett gerappt gin.

Hien ass zu Esch, am Alter vun nemmen 25 Joer gestuerwen, 7 vun senge beschten Kollegen wären an dene läschten puer Stonnen bei him.

De Mike ass den 5. Mee 1977 op d´Welt komm. Hien wär emmer en voll engageierten an hellefsbereeten Komerod. Duerch seng spontan Art an Weis, seng Asaatzbereetschaft, säin feste Wellen a seng Opopferung fir d´Pompjeeswiesen, d´Famill an d´Kollegen wär hien am ganzen Konton bekannt a beleiwt.

11 Joer wär hien an de Pompjeen an dovuner 4 Joer Jugendleeder-Adjoint.
1991 ass hien an d´Jugendpompjeen vum Scheedgen agetratt, an 2 Joer drop bei dei Aktiv.
1994 wär hien och ee vun deenen eischten derbei wei et geheescht huet eng Wettkampfequipe ze grennen.
1997 ass hien dun dem Corps Konsdref beigetratt.

Jidereen war frou mam Mike, d´Jugendpompjeen och, sie hun oft Blödsinn matt him gemaach, mee och natierlech serieux Saachen.
10, 20 Pompelen huet hien sie maache geloos wann sie beim Foußmarsch geschwaat hun, heiandsdo ass och eng Stonn ausgefall wou hien dann dei ganzen Zäit Witzer gezielt huet, waat hien ganz gutt konnt.

De Mike wär ee liewensfrouen Typ, wär emmer fir jidereen do, egal op daat fir d´Pompjeen, d´Kollegen oder d´Famill wär.

Dese Schlussmessage huet hien senge Kollegen hannerloos:

    Wo immer du bist,
    Was immer du tust,
    Ob lachen oder weinen musst,
    Ob jemand dich liebt oder alle dich hassen,
    Auf mich kannst du dich verlassen.

Seng Pompjeeskollegen an all seng aaner Kollegen wärten de Mike emmer a gudder Erennerung behaalen an hien nie vergiessen.



                                         Huss Claudine