Zeltlager 2002 zou Eechternach vum 20ten op den 24 Mee

Schriftstücke

     
 

Hoppela, elo ass et erem eseou weit, eisen Pengschtcamp stett virun der Dir. No engem Auslandscamp an Holland op der Insel Renesse bleiwen mir dest Joer erem doheem.Eng Virbereedung vun engem Camp geet schon Méint am Viraus un. No etlichen Ulafschwierigkeeten fïr eng geégent Campplâtz  ze fannen hun d’Kollegen vun Echternach eng Wiss beim Futtballterrain Darnig proposéiert wou si schon en Zeltlager organiséiert hâten. D’Infrastrukruren hun gestemmt, Douschen, Toiletten an Stroum. Dorober hin hu mir opgebaut. Demandten fir Autorisatiounen sin geschriwen, et huet just e beschen geschleeft, besonneg mat der Eechternacher Gemeng, mee schlussendlich haten mir all eis Formalitéiten zesummen. Ech well all denen Merci soen déi matgewirkt hun dass desen Camp konnt funktionnéieren, enner anerem dem Propriétaire vun der Wiss dem Här Bollendorf Fernand, dem Comité vum Daring Eechternach, an der Gemeng.

D' Iessen lossen mir fir verschidden Deg vum Eiferler Hof vun Ferschweiler kommen. D’Mimm hat schon gudd Erfahrungen mat dem Gasthof op engem Camp zou Ferschweiler gemach,. Den Programm vum Camp ass an etlichen Versammlungen virbereet gin an mir konnten lass fuehren.

D’ Bedeeligung vum Camp ass Grouss, 12 Meedercher, an 49 Jongen aus den Corpsen, Echternach, der Gemeng Mompech, der Gemeng Rouspert, Befort, Berdorf, huelen dorun deel. Encadréiert gin sie vun 12 Moniteuren an Moniticen aus den jeweiligen Corpsen.

Donnesdes den 16 Mee sin mir mat engem Camion vun der Tankstell Koepfler, deen den Breuer Jeannot eis organiséiert hat op Ettelbreck d’Zelter an Feltbetter siche gefuhr.

Samsdeg den 18 Mee sin déi Logistisch Infrastrukturen opgebaut gin, wéi Gemeinschaftszelt, Ravizelt, Lagerzelt, den Büro an eisen Wäsch an Spulltrach.  Am Virfeld huet eis den Cannivy Felix nach mat sengem John Déier Méintrakter eis d’Wiss nach geméint, well d’Graas war an Teschentzeit schon erem schéin gewues. D’Elektisch Leitungen huet eis d’Gemeng schon Freides sowéi och d’ Waaser geluecht. Mir hun just nach op déi richtig Plâtzen verlängert. Eisen Depositaire den Kleyr Claude heut eis den Killwon bruecht an ugeschloss, an domat waren déi néidig Infrastrukturen opgebaut.

D’Pompjeen vun Eechternach iverhuelen bis Méindes Moies d’Waach um Camp an wéi ech mech konnt iverzeegen hun si das och zouverlässig gemach.

Pengschtméindes, et ass 9.00 Auer Moies, déi éischt d’Jugendlicher treffen mat hieren Moniteuren um Camp an. D’Wieder ass schéin, an et get ugefangen d’Sektiounszelter opzeriichten, et sin am ganzen 8 Jongen an 2 Meedercherszelter. Um 12 Auer wéi den Här Wonner vum Eifeler Hof mam Menue ukomm ass waren Zelter ageraumt an d’Kanner konnten sou wéi se opgeruff gi sin Iese konnte goen.

Mettes sin d’Virbereedungungen virungangen fir d’Ouverture em 18.30 Auer. Nom Owesiessen war et eseou weit. D’ Jugend stong an der F1 op d’ Invitéen ze warden. Begréissen konnten mir vum Jugendausschuss den Tholl Jos Präsident vun der Pompjeesjugend an den Vizepräsident den Sauveurs Pir. Vum Kantonalkomité den Kantonalpräsident Schwarz Const  den Inspekter de Bartz Jang, am eisen Sekretäre den Schumacher Mike.  Desweideren waren nach etlich Vertrieder aus den verschiddenen Corpsen aus dem Kanton komm.

Pengschtdenstig ass traditionnel Spranprozessioun wou mir mat allen Jugendlichen an Moniteuren dorun deelgeholl. Mir hun eis dest Joer mat den Moniteuren an der Group opgedeelt, sodass mir Vir an der Mett an Hannen déi Jugendlich am Spranschratt konnten dirigéieren, an ess muss soen, mir hun en disziplinéert Bild ôfgin.

Mettes konnt jidfer Jugendgroup frei zu hierer Verfügung bis 15.00 Auer sin an Eechternach ophalen..

Um 16.00 Auer haten mir Rendez-vous mat den Verantwortlichen vun der Source Rouspert. Si hun eis offiziell en Kalikot (en Schreftband mat eisem Logo vun den Jugendpompjeen Kanton Echternach) iverrreecht. Den Här Schaaf, Responsabel vun Source Rouspert huet eis vill Succes mat dem Kallikot gewenscht, an hien hofft dass mir vill nei Jugendlich mat dem Schreftband wärten unzéien.

Mettwochs, stong den Brandschutzerziehungsunhänger um Programm.  Praktisch an théoretisch sin eis Jugendlich an der Bransschutzerziehung ennerwiesen gin.

Mettes war d’Lagerolypiad um Programm, Disziplinnen wéi den warmen Droht, Schlauchwerfen, d’Rousperterspill, Schlauchwiergen, Saakhüpfen, Fliesespill, Schwämmschlacht hun miisse an Gruppen bewältigt gin, Gruppen déi durcherneen gewürfelt waren eseou dass Zesummenarbecht nach méi gefuerdert war.

Nom Owesiessen war Elterenowend an Austellung vun Pompjees, Sauvetage, an Ambulanzween.

D’Elteren konnten sech iverzegen dass et den Jugendlichen gudd geet an dass et hinnen un neischt fehtl. Nodem dass mir mat der Jugend and den Elteren déi néidig Explicatiounen zou den verschidden Noutdingschter kritt hun, huet d’ Wettkampfequipe vun Uesweller mat hierer 2ter Equipe hier Wettkampfübung déi vum Inspekter kommentéiert gin ass vïrgefuert.

Als Ôfschloss vum Elterenowend war d’Praisverdeelung vum der Lagerplympiad, an wéi bei enger Olympiad üblich ass gin et just 3 Gewenner. Gold, Selver an Bronze

Donnesdeg nom Kaffi huet et ugefangen mat reenen, um Programm stong Moies an Mettes en Wanderrallye. Em 9.30 waren all Equipen ennerwee. Si hu misten Froen beäntwerten, an  an Spiller mat Geschékerlichkeet Punkte sammelen. Trotzdem dass et wéi mat Émeren geschott huet, waren se nach alleguer gudd drop wéi se erem komm sin. No enger warmer Dusch an engem warmen Téi  ass et op Mettig lassgangen. Mettes ass den Rallye ronderem de See gangen. Den Reen huet dun schon erem nogeloos.

Mat dem villen Reen ass et an den Zelter fiischt gin. Déi nass Kleeder vun Moies hun net derzou beigedroen dass et besser gin ass. Rouspert, an Uesweller wollten déi lescht Nuecht net méi an dem fiishten Zelt verbrengen an hun virgeschloen vu que dass de Programm vum Zeltlager ôfgeschloss war, Owes heemzefuehren.

Jidfer Corps war et freigestallt op hien well goen oder bleiwen. Ech hun als Kantonaljugendleeder Décisiounen vun den verschiddenen Corpsen respektéiert. No der Praisverdeelung vum Wanderrallye sin Uesweller an Rouspert heemgefuehr an déi aner sin nach bliwen. Fir Rouspert hun ech décidéiert, sin awer selwer um Camp bliwen.

Owes hun Echternach an Berdorf Animatioun am Mannschaftszelt organiséiert wou déi nei Jugendleeder an ech als Kantonaljugendleeder vun den Meedercher vun Eechternach an Berdorf gedeeft si gin. Mir hun schéin peschig ausgesin wéi se eis mat Zockergoss Schoklasbotter, an Yougurt eng Gesichtsmask verpasst hun.

D’Jugend an d’Moniteuren hun sech vill Méi gemach fïr en flotten an leschtigen Ôschloss vum Zeltlager ze machen.

Moies nom Kaffi hun mir ungefangen Zeltlager ôfzeriichten. Jiddfereen huet eng Hand mat ugepaakt, an eseou konnten mir um 16.00 Auer d’Wiss vum Här Bollendorf seou verloosen wéi mir betratt haaten, e puer Autospuren an Zeltplâzen weisen nach op eis Präsenz hin. Well Zelter nach naass waren hu mir se zou Hierber an der Scheier vum Schoellen Josy, an zu Givenich an enger Haal  gedrechend.

Ech geng mengen mir kennen en positiven Réckbleck op Zeltlager machen. Mir haten e flotten Programm, eng disziplinéiert Jugend, en gudden Kascht, an wat am wichtigsten ass keen Accident an keen deen krank gin ass. Dat éinzicht wat négativ war dass d’ Wieder ner eseou richtig matgespillt huet.

Eisen nächsten Camp wärt en nationalen, an internationelen Camp 2004 hei zou Letzebuerg sin bis dohin,


                                    Lux Bernard
                                    Kantonaljugendleeder