Wessenstest 2002 den 9 November 2002 zou Consdorf

Schriftstücke

     
 

An der Jugendarbecht vun den Pompjeen hu mir eis Ziel gesaat, dass en Jugendlichen deen mat 16 Joer an déi Grouss wiesselt d’Ôfzeechen am Gold huet.

Mee fir dest Ziel ze ereechen muss de Jugendlichen mat 10 Joer am Bronze ufänken fir mat 12 Joer Selver an duerno mat 15 Joer mam Goldôfzeechen ôfzeschléissen.

Den 9 November war et erem eseou wait.

21 Jongen an 8 Meedercher hun sech fir den Wessenstest virbereet, an sin voller Erwaardung op d’Froen déi Préifer vum Jugendausschuss den Sauveur Pir, den Muller Jang an den Marx René hinnen ausdeelen wärten. 9 maachen den Test am Bronze, 15 am Selver, an 5 am Gold.

Dest Joer ass et nei dass d’Kniet an den verschiddenen Sparten opgedeelt sin.

Wéi der op den Fotoen kennt gesin brauch keen vun den Jugendlichen ze färten, wien schiesslich gudd virbereet ass kritt och eppes op d’Blaat. A wann et emol happert sin Préiffer do fir e beschen ze hellefen.

Mam Resultat kennen mir zefridden sin. Sin hun alleguer den Test bestaanen. Een hat en Noexamen deen hien de Mount drop am Kanton Dikerich nogemach a bestaanen huet.

De Préiffer en grousse Merci fir déi verständnisvoll Leedung vum Test.


                                    Lux Bernard
                                   Kantonaljugendleeder