Schwammmeeschterschaft den 2. Februar zou Eechternach (2003)

Schriftstücke

     
 

D’Jugendpompjeen sin em eng sportlich Erfahrung méi raich gin. Dat ganzt huet ugefaangen dass den Kanton Grevenmacher fir seng Schwammmeeschterschaft d’Schwämm zou Draibour  net zu Verfügung gestallt krit huet. Den Müller Jang Kantonaljugendleeder ass un mech erungetratt op mir fir si d’Schwämm zou Eechternach zu desem Zweck kennten ufroen. Mir hun him proposéiert eis un der Schwammmeschterschaft ze bedeeligen, an hun op der Gemeng déi néidig Schrett ennerholl, an hun d’Schwämm fir den 2. Februar zur Verfügung gestallt kritt.

Et war eseou dass den Kantonaljugendleeder eis versechert huet mat der Organisatioun bréichten mir eis net ze kemmeren, et wir alles schon färdig, mir sollen eis just em d’Gedrënks kemmeren. Eseou war et dann och, dat ganzt war eseou gudd organiséiert an iverwaart, mir konnten just nokuken.
 
Mir haten zwar wirklich mol eng Kéier gudd Zait nemmen fir eis Jugend do ze sin, mee mir brauchen awer och dat gewesse Kribbelen wann Een eppes selwer organiséiert an eng Aktivitéit opbaut. Hei waren mir just Statisten. Mee desto Trotz, de Sport ass net ze kuerz komm.

Un der Schwammmeschterschaft hun sech vum Kanton Eechternach  24 Jongen an 7 Meedercher aus den Corpsen Eechternach, Uesweller, Berdorf, Consdorf an Rouspert bedeeligt.

Ech gin mengen eis Jugend haat hieren Spass um Sport wat der un den Fotoen kennt gesinn.

Mir wessen elo wéi et geet, an maachen dat Ganzt nächst Joer fir eis, mat der Bedeeligung vun den Groussen. Ennert engem aaneren Numm mat e puer aaneren Idien a wat Wichtig ass, net méi an eseou engem groussen Zaitdrock. Ech soen nach enger Kéier Merci, der Gemeng, den Verantwortlichen aus der Schwämm, an dem Organisator dem Kanton Grevemaacher.

Lux Bernard
Kantonaljugendleeder